VIDEO: BGL LigueFola klappt Nidderkuer a Péiteng wënnt zu Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
D'Jeunesse wënnt mat 3:2 zu Munneref, Hueschtert klappt d'Etzella, Stroossen wënnt géint d'Millebaach an Diddeleng iwwerrennt Rouspert mat 7:0.

Etzella - Hueschtert 0:1

Déi éischt 45 Minutten ware ganz schwaach an d’Spectateuren kruten net vill gebueden, sou datt et logescherweis mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass. No der Paus ass d’Etzella da vill méi staark aus de Kabinne komm an huet op den 1:0 gedréckt. Ab der 60. Minutt huet Hueschtert awer och matgespillt a konnt dann an der 69. Minutt den decisiven 1:0 duerch den Dervisevic schéissen.

Stroossen - Millebaach 2:0

Eng éischt Halschent déi net alt ze spannend war. Am Ufank vun der Partie hate béid Formatioune Schwieregkeeten, de Ball un d’rullen ze kréien. Zum Schluss vun der éischter Halschent konnt Stroossen dunn awer mat 2:0 a Féierung goen, dat duerch Goler vum Szimayer (40.’) an Delgado (44.’). No der Paus sollt sech näischt mäi um Score änneren.

Stroossen - Millebaach
Stroossen - Millebaach
© Michele Pugliese

Munneref - Jeunesse 2:3

Mat engem 0:1 ass et an d’Paus gaangen, wéi de Boakye an der 44. Minutt eleng virum Özcan stoung an de Ball an de Gol konnt schéissen, nodeems d’Defense vu Munneref geschlof huet. An den zweete 45 Minutte sollten d’Spectateuren awer e bëssen eppes gebuede kréien. Als éischte ass dem Nabli an der 69. Minutt den 1:1 gelongen. 8 Minutte méi spéit ass d’Jeunesse duerch de Makota dann awer nees mat 2:1 a Féierung gaangen. Munneref huet sech awer net ënnerkréie gelooss an an der 83. duerch en Eegegol vum Boakye ausgeglach. Mee an der 87. Minutt sollt d’Jeunesse nees eng Kéier zeréck schloen an et war de Boakye, dee säin Eegegol nees gutt huet a mam 3:2 déi dräi Punkte fir d’Gäscht gerett huet.

D'Jeunesse klappt Munneref mat 3:2
An engem spannende Match ka Munneref zwee mol ausgläichen mee fir e Punkt sollt et dann awer net duergoen.

Rodange - Racing 1:1

Mat engem verdéngten 1:0 fir Rodange ass et no 45 Minutten an d’Kabinne gaangen. An der 16. Minutt war et de Muric dee no enger Flank vum Ndiaye de Ball am Gol ënnerbruecht huet. An der 2. Halschent huet de Racing d’Kontroll vum Match iwwerholl a konnt an der 75. Minutt duerch den Da Mota ausgläichen.

Rouspert - Diddeleng 0:7

Nodeems et bei deenen Diddelenger an de leschte Matcher iwwerhaapt net gutt am Championnat gelaf ass, hu se zu Rouspert dës kéier guer näischt ubrenne gelooss a schonn no 45 Minutten stoung et 0:5. Schonn no 2 Minutten hat de Stolz den éischte Gol geschoss éier de Sinani mat 2 Goler (15.’, 20.’) innerhalb vu 5 Minutten op 3:0 gestallt huet. An der 39. Minutt war et dann de Muratovic deen de 4:0 schéisse konnt. Et ass ëmmer méi batter fir Rouspert ginn an an der 42. Minutt huet de Stolz mat sengem 2. perséinleche Gol op 5:0 gestallt. Ganz zum Schluss konnt Diddeleng duerch de Pokar (88.’) an de Muratovic (90.+1.’) souguer nach op 7:0 stellen.

Fola - Nidderkuer 2:0

An den éischte 45 Minutten hat sech e flotte Match tëscht deenen zwou Topekippen entwéckelt. Béid Ekippen haten deelweis gutt Chancen, mee keng vun hinne konnt eng vun deenen notzen, sou dat et mat engem 0:0 an d’Paus gaangen ass. D’Wierder huet et den Akteuren allerdéngs och net einfach gemaach an esou koum an der 2. Halschent kee richtege Spillfloss méi op. An der 78. Minutt war et dann awer de Corral deen den 1:0 fir d’Fola markéiere konnt. Nëmmen 3 Minutte méi spéit war et de Sinani deen e Fräistouss an de rietse Wénkel geschoss huet a fir d’Schlussresultat gesuergt huet.

Déifferdeng - Péiteng 2:3

Et war eng ganz animéiert 1. Hallschecht mat Chancen op deenen zwou Säiten. Et war awer Péiteng, déi bis dohinner besser am Match waren an a Persoun vum Abreu a Kettenmeyer ëmmer nees geféierlech waren. An der 61. Minutt war et dann den Diouf deen d’Gäscht mat 1:0 a Féierung schéisse konnt. Nëmmen 6 Minutte méi spéit ass den Déifferdenger dann awer den Ausgläich a Persoun vum Deruffe gelongen. Mee Péiteng huet weider Drock gemaach an no engem Feeler vum Amodio am Déifferdenger Gol den 2:1 an der 70. Minutt geschoss huet. No 78 Minutten huet sech den Abreu aus 20 Meter en Häerz geholl an de Ball fir den 3:1 an de Gol geschoss. Den Avdusinovic konnt an der 93. Minutt zwar nach den 2:3 schéissen, mee dëse Gol sollt awer vill ze spéit kommen.

© Raoul Michels

D’Tabell vun der BGL Ligue

Den Iwwerbléck vun der Éierepromotioun

Back to Top
CIM LOGO