BGL LigueFola wënnt a leschter Sekonn, F91 och erfollegräich

RTL Lëtzebuerg
Fir de Kont vum 23. Spilldag konnt sech och nach d'Jeunesse an de Progrès duerchsetzen.
© pressphoto / Roland Miny

Um 1. Mee war an der BGL Ligue de kompletten 23. Spilldag.

Den F91 Diddeleng huet sech ouni gréisser Problemer mat 2:0 zu Ettelbréck behaapt a bleift domadder weider souverän un der Tabellespëtzt mat 50 Punkten. Den Titelverdeedeger huet weiderhi 6 Punkte Virsprong op d’Fola, déi hunn um Mëttwoch nämlech a leschter Sekonn mat 3:2 géint Hueschtert gewonnen. Genee wéi d’Fola kënnt och d’Jeunesse op 44 Punkten, da no enger knapp 1:0-Victoire géint de Racing. Op der 4. Plaz an der Tabell steet elo de Progrès mat 40 punkten, dat no enger 1:0-Victoire géint Péiteng. Déi Déifferdenger sinn net iwwert een 1:1-Remis beim RM Hamm Benfica erauskomm, esou datt si elo mat 40 Punkten op der 5. Plaz an der Tabell leien.

Um Wupp vun der Tabell ass et weiderhin Hueschtert mat 21 Punkten op der Relegatiounsplaz an dann op den Ofstigsplaze sinn et den RM Hamm Benfica mat 16 Punkten a Rëmleng huet der 13.

De Resumé vum Serge Olmo

LINK: Den Iwwerbléck vun der BGL Ligue

Hueschtert - Fola 2:3

D’Fola huet an der éischter Hallschent vun der éischter Minutt un den Toun am Match géint Hueschtert uginn. Déi Escher hu sech ëmmer nees gutt Chancen erausgespillt, ma dës waren an den éischte 45 Minutten nach net präzis genuch, sou datt et an der Paus nach 0:0 stoung.

No der Paus konnt d’Fola dunn an der 61. Minutt duerch ee schéine Gol vum Kirch aus 16 Meter mat 1:0 a Féierung goen. Fir d’Fola war et eng verdéngte Féierung, ma et ass awer net laang dobäi bliwwen. No engem Feeler vum Mura um Desevic huet den Arbitter nämlech an der 63. Minutt op de Punkt gewisen. De Lavie huet sech de Ball geholl an den Eelefmeter souverän verwandelt an op 1:1 gesat.

De Match tëscht béiden Ekippen war elo richteg ausgeglach an et ass ëmmer nees hin an hier gaangen an et gouf op béide Säiten ëmmer nees geféierlech Chancen. An der 79. Minutt ass de Ball dunn eng weider Kéier am Filet gelant. De Lavie huet Hueschtert mat 2:1 a Féierung bruecht. An der 86. Minutt gouf et d’Reaktioun vun der Fola. De Seydi huet nees op 2:2 gesat. Ma dat sollt et awer nach net gewiescht sinn, well an der éischter Minutt vun der Nospillzäit huet den Hadji no engem Corner mam Kapp den 3:2 markéiert an esou fir d’Victoire vun den Escher gesuergt. Fir d’Fola wichteg 3 Punkten. Si bleiwen domadder op der 2. Plaz an der Tabell. Hueschtert bleift weider op der Relegatiounsplaz.

Etzella Ettelbréck - F91 Diddeleng 0:2

Fir den F91 Diddeleng gouf et e Mëttwoch eng verdéngten 2:0-Victoire an den Däichwise bei der Etzella.

Weider Fotoe vum Roland Miny fannt Dir um Internetsite pressphoto.rtl.lu.

D’Etzella huet probéiert, fir duerch eng kompakt Verteidegung dem Champion d’Liewe sou schwéier wéi méiglech ze maachen, ma an der 13. Minutt huet et ewell eng éischte Kéier gerabbelt. De Jordanov hat e laange Ball vun hannen an d’Spëtzt excellent ugeholl, een Ettelbrécker Defenseur stoe gelooss an de Ball an de laangen Eck zum 1:0 gesat. No 35 Minutten huet den Ibrahimovic no Viraarbecht vum Turpel fir den F91 op 2:0 erhéicht.

No der Paus hunn d’Gäscht de Ball weider roueg an hire Reie lafe gelooss. Vun den Ettelbrécker war keng Reaktioun ze gesinn. Trotz enger ganzer Partie u gudde Chancen an der zweeter Hallschent sollt deenen Diddelenger an den zweete 45 Minutte kee weidere Gol méi geléngen, sou datt si mat 2:0 a gewannen an e weidere Schratt a Richtung Titelverdeedegung maachen.

© Raoul Michels

Rëmeleng - Stroossen 0:2

Rëmeleng ass staark an d’Partie gestart an hat duerch den Diallo an der 4. Minutt déi grouss Chance zum 1:0. Nom Schoss vum Lusamba, koum den Diallo fräi zum Schoss. Säi Versuch ass awer laanscht den eidele Gol gaangen. Dono huet Rëmeleng et nach e puer Mol aus der zweeter Rei probéiert, mä de Schon am Stroossener Gol hat keng Problemer fir dës Versich ze paréieren. Eréischt an der 27. Minutt haten d’Gäscht hir éischt Chance. Den Tsuchihashi war awer net richteg un de Ball komm, sou datt säi Schoss laanscht de Gol gaangen ass. An deene leschten 2 Minutte vun der éischter Halschent huet Stroossen sech du bëssi méi no vir getraut a konnt sech zwou Chancen duerch de Jager erausspillen, mä déi béid Chancë sinn nieft oder iwwert de Gol gaangen.

No der Paus huet et an der 65. Minutt eng éischte Kéier gerabbelt. No enger Flank vum Tsuchihashi hat de Lourenco Stroossen aus 5 Meter mat 1:0 a Féierung bruecht. Nom Gol huet Rëmeleng komplett de Fuedem verluer a konnt Stroossen net méi vill entgéint setzen. Et huet nawell bis déi 89. Minutt gedauert bis de Lourenco fir d’Gäscht op 2:0 setze konnt.

Bei dësem Resultat sollt et bis zum Schluss bleiwen.

Progrès Nidderkuer - Union Titus Péiteng 1:0

De Progrès Nidderkuer konnt sech an engem Match, deen net op eng ganz héijen Niveau war, mat 1:0 géint d’Union Titus Péiteng behaapten.

Op béide Säite gouf et vill Ongenauegkeeten am Passspill, sou datt et dacks um leschte Pass gefeelt huet an d’Spectateure kaum Chancen ze gesi kritt hunn. Den decisive Gol huet de Ferino an der 42. Minutt geschoss. Hien hat ee Corner um kuerze Potto verlängert an dat ronnt Lieder esou an de Gol gesat.

© Bob Leven

RM Hamm Benfica - Déifferdeng 1:1

Den RM Hamm Benfica an Déifferdeng hu sech e Mëttwoch duerch een 1:1-Remis d’Punkte gedeelt.

An den éischte Minutte waren d’Gäscht vun Déifferdeng déi besser Ekipp um Terrain. Dëst huet sech awer geännert, nodeems den RM Hamm Benfica an der 16. Minutt duerch de Mokrani a Féierung gaangen ass. D’Lokalekipp huet dëse Virsprong bis d’Paus gutt geréiert.

An den zweete 45 Minutte war et weider een ausgeglachene Match tëscht béiden Ekippen. An der 66. Minutt huet den Arbitter dunn no engem Foul vum Alunni am Halili am Strofraum op de Punkt gewisen. De Muratovic huet sech der Saach ugeholl an de Ball flaach an d’Mëtt gesat an domadder fir d’Gäscht op 1:1 gesat. Déi lescht 15 Minutte war de Match ganz kierperbetount an et gouf op béide Säiten nach Chancen, ma e Gol ass bis zum Schluss net méi gefall, sou datt sech béid Ekippe mat engem Punkt mussen zefridde ginn.

© Gilles Carlizzi

Jeunesse - Racing 1:0

No enger spannender Schlussphas huet d’Jeunesse duerch eng 1:0-Victoire géint de Racing déi dräi Punkten doheem behalen.

An den éischte 45 Minutten ass d’Jeunesse de Racing héich siche gaangen, ma richteg geféierlech ware se nëmme beim Gol vum Menessou an der 44. Minutt. Racing hat och e puer geféierlech Golchancen, ma et huet un der néideger Präzisioun gefeelt an esou ass dat ronnt Lieder ëmmer nees iwwert de Gol gaangen.

An der zweeter Hallschent war et dat nämmlecht Bild vun der Jeunesse. Et huet een d’Gäscht weider fréi am Spillopbau gestéiert, ma de Wee bei den zweete Gol hunn déi Escher awer net fonnt. Och wann et déi eng oder aner gutt Chancë gouf. De Racing huet sech laang schwéier gedoen, ma an der Schlussphas hu si mat alle Mëttele gedréckt, fir awer nach den Ausgläich ze schéissen. An der 87. Minutt hat den Nakache dann och den 1:1 um Kapp leien, ma säi Käpper ass um Potto hänkebliwwen. Sou ass et bis zum Schluss beim 1:0 fir d’Jeunesse bliwwen.

© Kevin Estebanez

Rouspert - Munneref 0:4

Näischt ze huele gouf et e Mëttwoch fir Rouspert géint Munneref. D’Gäscht hu sech verdéngt mat 4:0 behaapt. Déi Munnerefer hu sech déi besser Chancen erausgespillt an esou loung een no den éischte 45 Minutte verdéngt mat 2:0 a Féierung. An der 13. Minutt hat de Benamra seng Faarwen a Féierung bruecht. No 30 Minutten huet de Scanzano nogeluecht an op 2:0 erhéicht. D’Lokalekipp war beméit, ma duerch ze vill Ongenauegkeeten ass een net wierklech geféierlech ginn.

An der zweeter Hallschent war et dat nämmlecht Bild a Munneref huet weider den Toun an der Partie uginn. No 58 Minutten huet de Benamra duerch säin zweete Gol fir d’Virentscheedung gesuergt. Fir de Schlusspunkt huet de Martins mam 4:0 an der 83. Minutt gesuergt.

© Usch Thommes

Back to Top
CIM LOGO