
E Freideg huet de franséische Futtball-Star eng beandrockend Karriär mat 25 Titelen ënner Tréinen op en Enn bruecht. “Trotz all de Beméiungen an de leschte Méint ass d’Péng a mengem Knéi ëmmer méi schlëmm ginn. Fir mech gëtt et keng aner Méiglechkeet méi, wéi opzehalen”, sou den 39 Joer ale Fransous an engem Video vun 2 Minutten.
Et wier fir hien “d’Enn vun engem wonnerbare Kapitel” a sengem Liewen. “Ech hunn immens Momenter an onvergiesslech Héichpunkten erlieft”. Hien hätt sech als Profi “en Dram erfëllt”, et wier eng immens “Aventure” gewiescht.
Virun allem beim FC Bayern genéisst de Ribéry nach ëmmer en Heldestatus. Fir de Kommiteeschef Oliver Kahn ass de Fransous “ee vun de ganz Groussen an der Geschicht vum Futtball - an net zulescht vum FC Bayern. De Franck war e Filou um Terrain, eppes ganz Besonnesches.”
Den Éierepresident Uli Hoeneß huet de Ribéry als ee vun de “gréisste Spiller, déi den FC Bayern jeemools hat”, gewierdegt. D’Fans hätte seng onverwiesselbar, frech Aart um Terrain ëmmer gär gehat.
Zum Schluss huet de Franck Ribéry an Italien beim US Salernitana gespillt, wou hien an nächster Zäit an de Management opsteige soll. Et wäert een hien deemno “geschwë beim Start an en neit Kapitel erëmgesinn”, huet hien annoncéiert.
Seng grouss Zäit hat den 81-fache Nationalspiller beim FC Bayern. Vun 2007 bis 2019 war den Offensivspiller eng vun den Attraktiounen an der Bundesliga, a 425 Flichtmatcher fir den däitsche Rekordmeeschter sinn him 124 Goler an 182 Virlage gelongen. Mam Arjen Robben hat hien iwwerdeems e ganz geféierlechen Duo forméiert, deen als “Rib & Rob” gefaart war.
Héichpunkt vun der Münchener Karriär war den Triple 2013 mam Titel an der Champions League iwwer Borussia Dortmund. Am selwechte Joer gouf hien zum Futtballer vum Joer an Europa gewielt, dës Éier hat hien och an Däitschland (2008) an a Frankräich (2007). De WM-Finalist vun 2006 huet am Ganzen 9 däitsch Meeschterschaften a 6 DFB-Pokaler gewonnen.