Futtball am AuslandFrankfurt a Bochum trenne sech mat engem 1:1

RTL Lëtzebuerg
Domadder bléift Frankfurt och am aachte Match hannerteneen ouni Victoire. Bochum dogéint ass zënter dräi Matcher ongeschloen.
© Arne Dedert / dpa

An der Ligue 1 souwéi an der La Liga gouf et iwwerdeems och keng Gewënner. Hei spille souwuel Marseille géint Montpellier, ewéi Mallorca géint Osasuna gläich

Bundesliga

Eintracht Frankfurt - VfL Bochum 1:1
0:1 Asano (14'), 1:1 Kolo Muani (22', Eelefmeter)

An der éischter Bundesliga stounge sech e Freideg den Owend d’Eintracht vu Frankfurt an de VfL Bochum géigeniwwer. Schonn an der 14. Minutt huet den Asano fir den 1:0 fir Bochum gesuergt. Kuerz dorobber sollt de Kolo Muani awer den 1:1 schéissen. Dëst no engem Eelefmeter, deen hie selwer erausgeholl huet. Duerno war et en ëmkämpfte Match, bei deem d’Frankfurter awer déi besser Ekipp waren. Allerdéngs hu si eng sëllege Chance léie gelooss, soudatt de Match mat engem 1:1 op en Enn geet. Frankfurt bléift domadder op der 6. a Bochum op der 14. Tabelleplaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Ligue 1

Olympique Marseille - HSC Montpellier 1:1
0:1 Nordin (12'), 1:1 Guendouzi (44', Eelefmeter)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

RCD Mallorca - CA Osasuna 0:0

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO