
Vun Ufank un gouf d’Course bei den Hären vu Frankräich an Däitschland dominéiert. Souwuel den Erik Lesser an den Emilien Jacquelin wéi och de Julian Horn mam Martin Fourcade hu sech keng bléiss ginn a sinn d’Ronnen all zesummen un der Spëtzt gelaf. Hannendrun hunn déi aner Natiounen mat Italien, Éisträich, Norwegen a Russland ëm d’Positiounen gekämpft.
Beim 3. Wiessel ass bei Däitschland dunn den Arnd Peiffer a bei de Franzousen de Simon Desthieux an d’Course geschéckt ginn. An och hei huet d’Bild sech net geännert. Kee vun deenen zwee huet sech vill Feeler um Schéissstand erlaabt. Um leschten Tour konnt de Peiffer sech awer e bëssen ofsetzen sou dat se beim leschte Wiessel e Virsprong vu ronn 12 Sekonnen op Frankräich haten. Op der drëtter Plaz konnten sech elo d’Norweger festsetzen.
Am leschte Schéissen hunn dem Benedikt Doll géint de Quentin Fillon Maillet dann awer d’Nerve versot an huet 4 Feeler geschoss sou dat en an d’Strofronn huet misse goen. Doduerch konnt de Johannes Boe op den Doll opschléissen a fir Norwegen déi 2. Plaz sécheren virun Däitschland. Ganz staark Franzousen konnten sech domadder ganz souverän d’Victoire sécheren.
D’Resultat vun der Staffel vun den Hären am Iwwerbléck:
1. Frankräich 1:12:35,9
2. Norwegen + 21,5
3. Däitschland + 36,2
D’Italienerinnen hu virun der eegener Kuliss mam Lisa Vittozzi an Dorothea Wierer hir zwee stäerkst Leeferinnen als éischt an d’Course geschéckt an haten nom Wiessel op déi 3. Leeferin Federica Sanfilippo dann och e Virsprong vu ronn 1 Minutt op Polen. D’Federica Sanfilippo an déi jonk an onerfueren Michaela Carrara konnten dono awer net méi mathalen a sinn op déi 10. Plaz zeréck gefall.
D’Polen dogéint hunn als 1. op déi lescht Leeferin Magdalena Gwizdon gewiesselt mee och Si sinn zeréck gefall a schlussendlech nëmme 7. ginn.
Norwegen (Synnoeve Solemdal, Ingrid Tandrevold, Tiril Eckhoff, Marte Olsbu Roeiseland) hat wärend der Course seng Problemer an huet mam Tiril Eckhoff och 1 mol missen an d’Strofronn mee konnten sech mat der staarker Schlussleeferin Marte Olsbu Roeiseland an duerch gutt leeferesch Leeschtungen dann awer nach den Titel sécheren.
Däitschland war ganz schlecht mam Karolin Horchler gestart mee d’Vanessa Hinz, Franziska Preuss an d’Denise Herrmann konnten am Laf vun der Course ëmmer weider ophuelen a kommen op déi staark 2. Plaz.
Op déi 3. Plaz koum d’Ukraine mat de Leeferinnen Anastasiya Merkushyna, Yuliia Dzhima, Vita Semerenko an Olena Pidrushna.
D’Resultat vun der Staffel vun den Dammen am Iwwerbléck:
1. Norwegen 1:07:05,7
2. Däitschland +10,7
3. Ukraine +18,4