Biathlon-WeltcupFrankräich notzt Feeler vun Norwegen a séchert sech d'Victoire

RTL Lëtzebuerg
E Freideg stoung beim Biathlon-Weltcup zu Oberhof an Däitschland d'Staffel bei den Hären um Programm.
De Fransous Emilien Jacquelin.
De Fransous Emilien Jacquelin.
© AFP (Archiv)

De Johannes Dale fir Norwegen an de Philipp Horn fir Däitschland dierften dësen Dag wuel am léifsten aus hirem Gediechtnes sträichen. D’Schwächt vun den zwee Sportler um Schéissstand huet hirer Ekipp bei der drëtter Staffel vum Wanter jeeweils d’Victoire kascht. D’Fransousen hu Merci gesot a sech an der Formatioun Simon Desthieux/Quentin Fillon-Maillet/Fabien Claude/Emilien Jacquelin déi éischt Victoire an dëser Saison geséchert.

Op der Arrivée haten d’Fransousen e Virsprong vu 4,2 Sekonnen op d’Norweger, déi a Beschtbesetzung Vetle Sjaastad Christiansen/Johannes Dale/Tarjei Bö/Johannes Thingnes Bö un den Depart gaange sinn. Och wann de Virsprong um Enn knapp war, sou war et awer eng souverän Victoire vun de Fransousen.

Déi drëtte Plaz war um Enn fir Italien, dat mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 6 Sekonnen. Russland an Däitschland sinn op d’Plaze 4 a 5 komm.

Back to Top
CIM LOGO