
Virun den eegene Spectateuren ass Frankräich mat enger staarker Leeschtung an d’Dammefuttball-WM gestart. Zu Paräis huet een e Freideg den Owend den Optaktmatch ganz kloer mat 4:0 géint Südkorea gewonnen. Frankräich huet domadder d’Ambitiounen, fir ee Joer no den Häre fir d’éischte Kéier selwer den Titel ze gewannen, ënnerstrach.
D’Goler hunn d’Eugenie Le Sommer an der 9. Minutt, d’Wendie Renard an der 35. an an der 45. Minutt an d’Amandine Henry an der 85. Minutt geschoss.
Déi bescht Placéierung fir Frankräich bei enger WM war bis ewell déi 4. Plaz am Joer 2011.