
Am slowenesche Pokljuka ass e Samschdeg d’Eenzel Staffel am Mixed gefuer ginn. D’Anais Bescond an den Emilien Jacquelin si mat enger Zäit vun 38:33.40 Minutten als éischt Ekipp an d’Zil komm a séchere Frankräich domat d’Victoire.
Op déi zweet Plaz huet et d’Ekipp aus Slowenien mat engem Retard vu 5.90 Sekonne gepackt. Kuerz drop ass Eisträich iwwert d’Zillinn gefuer an ass mat engem Retard vun 12.10 Sekonne op déi drëtt Plaz komm.