
De fréiere Weltmeeschter am Schwéiergewiicht hat 1978 iwwerraschend géint den deemolege Champion Muhammad Ali gewonnen. Dat Joer drop hat de Spinks säin Titel nees un den Ali verluer. Den US-Amerikaner hat 1995 e Schlussstréch ënnert seng Boxkarriär gezunn.
An de leschte Joren hat hie géint verschidde Kriibserkrankunge gekämpft.