
Dat huet d’Famill e Méindeg matgedeelt. Hien hat Kriibs. Den Tilkowski war bei engem vun de wuel legendäerste Futtball-Momenter mat dobäi, hie war nämlech an der WM-Finall 1966 de Golkipp vun Däitschland. England hat do jo de legendäre “Wembley-Gol” geschoss.
Am Ganze koum de fréiere Futtballer vum Joer op 39 Lännermatcher an huet ënnert anerem fir Dortmund a Frankfurt gespillt. No senger Karriär als Spiller war hien och als Trainer aktiv.
Weider bekannt ass hien och dofir, dass hie sech ëmmer fir aarm a krank Leit agesat huet, esou huet hien iwwer 1 Millioun Euro gesammelt.