
De Jean-Pierre Gauthier war vun 1996 bis 2008 President vum Ettelbrécker Futtball-Club. Hie war och am Verwaltungsrot vun der FLF an do virdrun am C.A. vun der Tennisfederatioun.
Beim FC Etzella hat de joviale President mat sengem Trainer Luc Holtz eng Ekipp opgebaut mat lauter Jonge vun Ettelbréck, respektiv aus der Ëmgéigend. 2001 war et och ënnert senger Presidence d‘Victoire an der Coupe de Luxembourg.