
De President vun der Futtballfederatioun, de Paul Philipp, huet eis confirméiert, datt deen Delai vum 15. Mee op den 18. Mee also nächste Méindeg verlängert gouf. Déi nächst Woch géif da schonns eng Decisioun falen.
De Fall gesat et kéim zur Fusioun tëscht der Millebaach an dem RM Hamm Benfica géif de Veräin an der BGL Ligue spillen, deemno géif eng Plaz an der Éierepromotioun fräi ginn, wou jo u sech den RM Hamm gespillt hätt.