Gréng Luucht vun der FLFFusioun tëscht RM Hamm Benfica a Blue Boys Millebaach perfekt

RTL Lëtzebuerg
D'Membere vun den zwee Stater Veräiner hate scho fir esou eng Fusioun gestëmmt. E Méindeg den Owend huet och d'FLF hire Feu-Vert ginn.

Den neie Veräin RM Hamm Benfica, béid Veräiner hu sech op dësen Numm gëeenegt, spillt an der Saison 2020/2021 an der BGL Ligue. Trainer wäert de Pedro Resende sinn.

Duerch d’Fusioun gëtt eng Plaz an der Éierepromotioun fräi, dës iwwerhëlt Schëffleng. Béiwen klëmmt an déi 1. Divisioun an Heischent spillt d’nächst Saison an der 2. Divisioun.

PDF: Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO