No 3 Joer ChantierFuttball-Stadion an der Henri-Dunant-Strooss zu Beggen ageweit

RTL Lëtzebuerg
Alles an allem huet de Chantier bal 3 Milliounen Euro kascht an huet 3 Joer gedauert.
© Ville de Luxembourg

Um Freideg gouf de renovéierte Futtball-Stadion an der Henri-Dunant-Strooss zu Beggen ageweiht, den Terrain also vun de Wichtelcher, déi 1915 gegrënnt goufen.

Komplett erneiert goufen ënnert anerem d’Gradinen op der iwwerdaachter Tribün, d’Vestiairen, d’Club-Haus, d’Buvette an déi 11 Depote fir d’Trainer.

Alles an allem huet de Chantier bal 3 Milliounen Euro kascht. De Stadion an der Dunant-Stroos gouf 1981 gebaut.

Back to Top
CIM LOGO