
Bis eng Decisioun iwwert säin Appell getraff gëtt, kënnt de 40 Joer alen Alves géint eng Kautioun an Héicht vun enger Millioun Euro op fräie Fouss. Hie muss awer säi spueneschen a säi brasilianesche Pass ofginn, a Spuenien bleiwen a sech all Woch beim Geriicht weisen.
Dem Alves säin Affekot hat en Dënschdeg eng Fräiloossung vu sengem Mandant ugefrot, mat der Begrënnung, hien hätt seng Prisongsstrof schonn zu engem Véierel an Untersuchungshaft ofgesiess, nodeems hien am Januar 2023 verhaft ginn ass. De Parquet war géint d’Propos mat der Begrënnung, de Fluchtrisiko wier ze héich.
De fréiere brasilianeschen Nationalspiller, deen a senger Karriär ënnert anerem fir den FC Barcelona an och Paris-Saint-Germain gespillt huet, gouf beschëllegt, 2022 eng jonk Fra an enger Diskothéik an der Géigend vu Barcelona vergewaltegt ze hunn. Nieft enger Prisongsstrof vu véier an engem hallwe Joer, zu där hien den 22. Februar verurteelt gouf, muss hien der Affer och eng Entschiedegung vun 150.000 Euro bezuelen an no sengem Prisongsopenthalt 5 Joer op Sursis bleiwen.
De Parquet hat 9 Prisong plus 10 Joer Sursis fir den Dani Alves gefuerdert.