25 Joer Weltklass-Tennis op der KockelscheierGala mat CovidCheck an der Philharmonie

RTL Lëtzebuerg
D'Fans vum Ana Ivanovic wousste sécher scho Bescheed, datt déi fréier serbesch Top-Spillerin zu Lëtzebuerg war.
Gala mat CovidCheck an der Philharmonie
D’Fans vum Ana Ivanovic wousste sécher scho Bescheed, datt déi fréier serbesch Top-Spillerin zu Lëtzebuerg war.

Op hirem Instagram-Account war se ze gesinn, wéi se duerch d’Uewerstad flanéiert an dat schéint Wieder hei am Land genoss huet, dat awer ouni hire Mann, de Bastian Schweinsteiger, an hir 2 Bouwen.

Nieft der fréierer Nummer 1 op der Weltranglëscht haten eng ganz Partie weider grouss Tennisspillerinnen de Sonndeg de Wee op Lëtzebuerg fonnt an d’Philharmonie.

Do goufe 25 Joer WTA-Turnéier op der Kockelscheier gefeiert. Nieft der Ana Ivanovic gouf och d’Julia Görges geéiert an nieft der Anke Huber waren och d’Anne Kremer an d’Mandy Minella op der Gala, souwéi vill Prominenz aus Politik a Gesellschaft, virop mam Ierfgroussherzog Guillaume an dem Premier Xavier Bettel. Am Reportage am Magazin weise mer Iech Auszich vun der Soirée mat néidegem CovidCheck a Masken.

Back to Top
CIM LOGO