Paul Philipp am Interview"Georgien-Match huet ganz anere Stellewäert wéi dat, wat mir bis elo kannt hunn"

RTL Lëtzebuerg
Am Interview kucke mer op d'Wichtegkeet vun der Nations-League-Partie, mat där d'Rout Léiwe e grousse Schratt Richtung EM-Participatioun kéinte maachen.
Lëtzebuerg-Georgien: De Wichtegste Match an der Geschicht vun der Federatioun
Esou gesäit de President vun der FLF d’Partie, déi en Donneschdeg a Georgien gespillt gëtt.

Um Dënschdeg flitt d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp a Georgien, fir en Donneschdeg den Owend um 18 Auer Lëtzebuerger Zäit an der Halleffinalle vun de Playoffs an der Nations League zu Tiflis géint d’Lokalekipp unzetrieden.

Am RTL-Interview huet den FLF-President Paul Philipp mam Jeff Kettenmeyer iwwert de grousse Stellewäert vun dësem Match geschwat. Donieft goung et och ëm drëms, wéi ee sech beschtméiglech kann preparéieren a wéi wichteg et ass, ee kloren Kapp ze behalen.

De Paul Philipp erzielt och, wéi grouss den Drock op déi georgesch Nationalekipp ass a wéi säi Roll als President op Auslandsdeplacementer ausgesäit. De fréieren Nationaltrainer ass an Tëschenzäit 20 Joer President vun der gréisster Sportfederatioun am Land a kuckt op déi bemierkenswäert Entwécklung zeréck.

Kuckt hei de kompletten Interview mam FLF-President Paul Philipp

De kompletten Interview mam FLF-President Paul Philipp
An der Nations League stinn zwou Partien um Programm, déi ganz wichteg fir d’Nationalekipp kënne sinn.

Back to Top
CIM LOGO