
Nom 2:0 leschten Donneschdeg géint d’Rout Léiwen, kruten d’Jonge vum Nationaltrainer Willy Sagnol en Dënschdeg an der Finall Besuch vu Griicheland. No 90 Minutte stoung et nach 0:0 an och an der Verlängerung ass keng Decisioun gefall. Am Eelefmeterschéissen hunn d’Georgier d’Iwwerhand behalen a qualifizéiere sech domat fir d’Europameeschterschaft 2024 an Däitschland.
Donieft huet d’Ukrain sech duerch eng 2:1-Victoire géint Island och nach fir d’EM qualifizéiert. Den Tsygankov an de Mudryk hunn d’Goler fir d’Ukrainer markéiert.
Am Match tëscht Polen a Wales ass no 90 Minutten nach keng Decisioun gefall. Deemno goung et an d’Verlängerung a well och do keng Goler gefall sinn, gouf et och hei Eelefmeterschéissen. Polen konnt sech dobäi de leschten Ticket fir d’EM 2024 sécheren.