BundesligaGerardo Seoane gëtt neien Trainer vu Bayer Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
Den Tabellesechsten aus der Bundesliga huet mam Gerardo Seoane en neien Trainer fonnt.
© AFP (Archiv)

Den 42 Joer ale Seoane war bis ewell Trainer bei de Young Boys Bern. Do hat hien nach e Kontrakt bis 2023, deemno bezilt Leverkusen dem Schwäizer Champion 1 Millioun Schwäizer Franke fir de Seoane.

Mat de Young Boys Bern, wou jo ënnert anerem och de Lëtzebuerger Nationalspiller Christopher Martins spillt, ass de Gerardo Seoane an 3 Joer 3 Mol Champion ginn an huet eemol d’Coupe gewonnen. Um Enn vun dëser Saison hat Bern 28 Punkten Avance an der Tabell.

De Gerardo Seoane ënnerschreift e Kontrakt vun 2 oder 3 Joer zu Leverkusen.

Back to Top
CIM LOGO