De Luc Holtz huet erkläert, et wier eng exzeptionell Situatioun fir d’Rout Léiwen an dofir hätt hien decidéiert, den Olivier Thill an de Gerson Rodrigues nees an de Kader opzehuelen. Et hätt een d’Compteuren op Null gesat. Den Nationaltrainer huet awer ënnerstrach, datt et kloer Reegele ginn an un déi missten d’Spiller sech halen.
Freides den 13. Oktober spillen d’Rout Léiwen auswäerts géint Island a méindes de 16. Oktober heiheem géint d’Slowakei. Et sinn zwee ganz wichteg Matcher fir d’FLF-Formatioun en vue vun enger méiglecher Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaft. Dofir wëll de Luc Holtz all d’Méiglechkeeten hunn, fir op déi beschte Spiller zeréckzegräifen. Dëst wier dee performantste Kader. Och de James Rodrigues ass nees mat am Kader dobäi. De Florian Bohnert feelt iwwerdeems blesséiert.
De Gerson Rodrigues muss sech den Ament viru Geriicht wéinst Kierperverletzung an 3 Fäll veräntweren. Den nächste Verhandlungsdag ass den 29. November. Et gëllt d’Présomption d’innocence.
Méindes de 16. Oktober spillt d‘Futtball-Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun géint d‘Slowakei. D‘FLF huet elo matgedeelt, datt nach e limitéierten Kontingent vun Ticketen um Freideg um 14 Auer an de Verkaf ginn. Déi Tickete kann een iwwer de Site vun der FLF bestellen.
