
E Sonndeg de Moien war de Gerson Rodrigues am japanesche Championnat mat Jubilo Iwata am Asaz. De Lëtzebuerger Nationalspiller huet fir seng Ekipp an der 74. Minutt op 1:2 géint Shimizu verkierzt, ma duerno ass Iwata kee Gol méi gelongen, sou datt een ouni Punkte bliwwen ass.
An der drëtter belscher Liga huet den Excelsior Virton mam Anthony Moris am Gol mat 1:0 géint Chatelet gewonnen. Domat steet d’Ekipp vu Virton no 29 Spilldeeg mat 51 Punkten op der 3. Plaz an der Tabell an huet keng schlecht Chancen op en Opstig an déi zweet Liga.
Den IFK Norrköping huet sech mam Lars Gerson an der schwedescher Allsvenskan d’Punkte mat engem 2:2 Remis géint Kalmar gedeelt. Fir d’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller war dat den zweete Punkt am drëtte Match, déi elo op der 13. Plaz an der Tabell steet.
An der Regionalliga Südwest huet den Aldin Skenderovic sech mam SV Elversberg an engem verréckte Match mat 4:3 géint den Tabellenzweeten aus Saarbrécken duerchgesat. De Lëtzebuerger war de ganze Match am Asaz a steet elo no 29 Matcher mat 48 Punkten op 6. Plaz an der Tabell.
Waldhof Mannheim huet mam Maurice Deville eng weider Victoire gefeiert. De Lëtzebuerger stoung bei der 3:0 Victoire géint d’Kickers Offenbach iwwer 90 Minutten um Terrain a konnt dobäi den zweete Gol virbereeden. Fir Mannheim ass dat déi 10. Victoire hannerteneen an duerch d’Defaite vu Saarbrécken kann d’Ekipp vu Mannheim nächst Woch den Opstig an déi 3.Liga perfekt maachen.
Den FK Pirmasens huet sech mam Florian Bohnert dräi wichteg Punkten am Kampf géint den Ofstig geséchert, dee bei der 2:1 Victoire géint den TSG Balingen am Asaz war.
A Russland huet e Samschdeg de Moien Ufa mam Olivier Thill 0:0 zu Yenisey gläichgespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung de komplette Match um Terrain. Ufa bleift duerch dëse Remis weider am ënneschten Deel vun der Tabell.
An der First Amateur Division an der Belsch huet Virton mat 1:0 géint Chatelet gewonnen. Den Anthony Maurice stoung tëscht de Pottoe vun der Lokalekipp an de Luca Prudhomme gouf an der 67. Minutt agewiesselt.
An der Ligue 2 a Frankräich gouf e Freideg den 32. Spilldag lancéiert. Metz huet sech mat 2:1 géint Châteauroux behaapt. Fir Metz huet den Diallo an der 31. Minutt an an der 40. Minutt per Eelefmeter getraff. Déi lescht Minutten hat Metz nach eng Kéier missen zidderen, well den Diarra an der 88. Minutt fir d’Gäscht op 1:2 verkierzt hat. Um Enn konnt d’Lokalekipp awer d’Féierung iwwert d’Zäit bréngen a sech iwwert déi dräi Punkte freeën. De Laurent Jans souz bei Metz déi 90 Minutten op der Bänk.
Weider Informatiounen iwwert de Match vu Metz kënnt Dir am Artikel bei de Kollege vum 5minutes noliesen:
RTL 5minutes: Les Grenats y sont presque Metz steet an der Ligue 2 weiderhi souverän un der Tabellespëtzt an huet 6 Punkte Virsprong op Stade Brest. Op der drëtter Plaz steet nom Freideg Troyes mam Christopher Martins, déi domadder weider gutt Chancen hunn, den Opstig an d’Ligue 1 ze packen. Troyes huet duerch e Gol vum Mbeumo an der 10. Minutt mat 1:0 géint Ajaccio gewonnen. De Christopher Martins stoung fir d’Lokalekipp déi 90 Minutten iwwer um Terrain. Op d’mannst bis e Méindeg steet Troyes op der drëtter Plaz an der Tabell. Hei spillt da Paräis géint Lorient, béid Veräiner hunn 2 Punkte Réckstand op d’Ekipp ronderëm de Lëtzebuerger Nationalspiller.
An der National a Frankräich huet Pau mam Vincent Thill 2:1 géint Laval gewonnen. De Vincent Thill stoung 90 Minutten um Terrain.
An der Premier League 2 huet Middlesbrough mam Enes Mahmutovic sech auswäerts mat 3:2 géint Norwich City behaapt. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun. D’Goler fir d’Gäscht hunn de Ward an der 31. a 56. Minutt an den O’Neill an der 32. Minutt geschoss.