
Am russesche Championnat huet Ufa mam Olivier Thill bei ZSKA Moskau 0:0 gläichgespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller souz awer déi 90 Minutten op der Bänk.
An der Süper Ligue an der Tierkei hat de Gerson Rodrigues mat sengem Veräin Ankaragücü schonn e Freideg 2:1 géint Caykur Rizespor gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller hat den zweete Gol fir den Zweetleschten an der Tabell geschoss, de Géigner ass Drëttleschten.