Darts-WMGerwyn Price a Gary Anderson stinn an der Finall

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend hu sech am Ally Pally zu London béid Favoritten duerchgesat.

An der éischter Halleffinall huet de Stephen Bunting et der Nummer 3 vun der Welt, dem Gerwyn Price, net all ze liicht gemaach. Zwee Mol konnt den Englänner an de Sätz a Féierung goen, ma zum Schluss hin huet sech dann awer d’Klass vum “The Iceman” aus Wales ëmmer méi gewisen. An den entscheedene Legs hat de Gerwyn Price déi méi roueg Hänn a sou konnt hie sech mat 6:4 als éischte Spiller fir d’Finall qualifizéieren.

Den Dave Chisnall, dee sech an der Véierelsfinall mat 5:0 géint de Michael van Gerwen duerchgesat hat, konnt seng exzellent Form an der Halleffinall net nach eng Kéier weisen. De Gary Anderson huet dacks vun de Feeler profitéiert a konnt sech sou no an no e Virsprong opbauen. Um Enn ass de “Flying Scotman” dann dervugezunn a sou ass hien duerch eng 6:3-Victoire an d’Finall agezunn.

D’Finall gëtt e Sonndeg um 20:30 Auer gespillt.

Back to Top
CIM LOGO