
New York Giants - Green Bay Packers 27:22
D’Green Bay Packers konnten hir London-Première net gewannen. Géint d’New York Giants louch dem Aaron Rodgers seng Ekipp no den éischten zwee Véierel zwar mat 20:10 vir, d’Giants konnten am weidere Verlaf allerdéngs ëmmer méi zouleeën an am leschte Véierel souguer 14 zu 2 Punkte maachen. D’Ekipp vum Quarterback Daniel Jones konnt um Enn mat 27:22 triumphéieren.
Detroit Lions - New England Patriots 0:29
Fir d’Detroit Lions gouf et géint d’New England Patriots eng Blamage. Keen eenzege Punkt konnt d’Ekipp aus Michigan erzilen. No 16 zu 0 Punkten aus deenen éischten zwee Véierel, gouf et schliisslech eng 29:0 Victoire fir d’Patriots.
Philadelphia Eagles - Arizona Cardinals 20:17
D’Philadelphia Eagles bleiwe weiderhin als eenzeg Ekipp an der NFL ongeschloen. Géint d’Cardinals aus Arizona konnte si sech an engem Match duerchsetzen, deen zum Schluss nach relativ spannend ginn ass. D’Cardinals waren dobäi schwaach an de Match gestart. No engem 0:14-Réckstand kuerz viru Schluss vun der zweeter Hallschent, konnte si sech am weidere Verlaf vum Match nach mat 17 Punkten zeréckkämpfen, fir eng Victoire géint d’Eagles ass et trotzdeem net duergaangen. 20:17 fir Philadelphia war d’Schlussresultat.
Indianapolis Colts - Denver Broncos 12:9
New York Giants - Green Bay Packers 27:22
Pittsburgh Steelers - Buffalo Bills 3:38
Los Angeles Chargers - Cleveland Browns 30:28
Houston Texans - Jacksonville Jaguars 13:6
Chicago Bears - Minnesota Vikings 22:29
Detroit Lions - New England Patriots 0:29
Seattle Seahawks - New Orleans Saints 32:39
Miami Dolphins - New York Jets 17:40
Atlanta Falcons - Tampa Bay Buccaneers 15:21
Tennessee Titans - Washington Commanders 21:17
San Francisco 49ers - Carolina Panthers 37:15
Philadelphia Eagles - Arizona Cardinals 20:17
Dallas Cowboys - Los Angeles Rams 22:10
Cincinnati Bengals - Baltimore Ravens 17:19
Las Vegas Raiders - Kansas City Chiefs 29:30