Sportkeelen-WMGilles Mores gewënnt Bronze am Hären-Eenzel

RTL Lëtzebuerg
Eng weider Medail fir Lëtzebuerg um leschten Dag vun der Sportkeelen-Weltmeeschterschaft.
© Sven Zenner

E Samschdeg war den leschten Dag vun der Sportkeelen-Weltmeeschterschaft zu Herne an Däitschland, wou d’Finallen vun Eenzel bei den Hären an Dammen, déi sougenannten Kinneksdiziplin (iwwer 120 Wërf), um Programm stoungen.

Am Hären-Eenzel gewënnt de Gilles Mores an enger spannender Finall mat 830 Holz Bronze, dat mat enger knapper Avance vun nëmmen 2 Keelen op de Kerim Demirbag aus der Tierkei. De Weltmeeschtertitel geet un den Däitschen André Laukmann (874 Holz). Vize-Weltmeeschter gouf deen zweeten däitsche Finalist Marjan Leis (871 Holz).

Och an der Dammen-Eenzel-Finall war Lëtzebuerg vertrueden. D’Mandy Parracho koum awer mat 775 Holz net op den Podium. Weltmeeschterin gouf d’Yvonne Ruch (880 Holz) aus Däitschland, déi sech virum Patricia Cunha Bade aus Brasilien (804 Holz) an der zweeter däitscher Finalistin Katja Ricken (801 Holz) duerchsetze konnt.

Back to Top
CIM LOGO