
Um Freideg den Owend stounge just e puer Partien an den Top-Ligen an Europa um Programm, dat an Däitschland, Italien a Frankräich.
Borussia Mönchengladbach - Borussia Dortmund 4:2
1:0 Hofmann (4'), 1:1 Brandt (19'), 2:1 Bensebaini (26'), 3:1 Thuram (30'), 3:2 Schlotterbeck (40'), 4:2 Koné (46')
Dortmund huet beim Auswäertsmatch am Borussenduell zwee Mol de Start verpasst. Well schonn no 4 Minutten huet den Hofmann d’Heemekipp a Féierung bruecht. Nodeem de Brandt den 1:1 no engen 20 Minutte geschoss hat, huet Gladbach just 4 Minutte gebraucht, fir sech e klengen Ecart vun 2 Goler erauszespillen. De Schlotterbeck huet kuerz virun der Paus nach op 2:3 aus Siicht vum BVB verkierzt, ma direkt nom Säitewiessel hat de Koné den alen Ecart vun 2 Goler nees hiergestallt. Iwwerhaapt war Gladbach méi geféierlech. Dortmund hat no 70 Minutte Chance, well den Arbitter de vermeintleche 5:2 fir Gladbach zeréckgeholl hat, nodeem hie mat Hëllef vum VAR e Foul gesinn hat. Goler sollten no der 46. Minutt keng méi falen, esou datt Gladbach am Duell vun den zou grousse Borussen déi 3 Punkten doheem hält.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Empoli - US Cremonese 2:0
1:0 Cambiaghi (46'), 2:0 Parisi (88')
Et war eng zimmlech ausgeglachen éischt Hallschent, wou Empoli zwar méi Ballbesëtz hat, Cremonese sech awer net verstoppt huet. Fir d’Gäscht huet quasi déi éischten Zeen nom Säitewiessel d’Partie op d’Kopp gehäit, wéi de Cambiaghi, dee grad agewiesselt gouf, d’Heemekipp a Féierung bruecht huet. Dono huet Cremonese méi fir de Match gemaach, ma wierklech vill sollt dobäi net eraussprangen. Am Géigendeel huet kuerz viru Schluss de Parisi fir d’Heemekipp erhéicht an esou de Sack zougemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Olympique Lyon - OGC Nice 1:1
0:1 Pepe (38',p), 1:1 Lacazette (89',p)
Däitlech méi Ballbesëtz dofir awer däitlech manner Schëss op de Gol. Esou loosse sech déi éischt 45 Minutte vu Lyon einfach resuméieren. Esou ass et och net verwonnerlech, dat Nice a Féierung gaangen ass, och wann de Pepe an der 38. Minutt vum Punkt getraff huet. E ganz änlecht Bild gouf et an der zweeter Hallschent, eenzeg datt dëst d’Kéier Lyon déi eng oder aner Golchance hat, ma richteg notze konnte si se laang net. An dëser Partie ass et dann och scho bal “normal”, datt och den zweete Gol vum Punkt fält. Esou kréie béid Ekippen ee Punkt, dee si am Mëttelfeld festhält an net wierklech méi no un déi international Plaze erukomme léisst.