
Am Nodrosmatch vum 21. Spilldag sinn am Rheinderby zwou Ekippen openeegetraff, déi sech an de leschte Wochen an enger gudder Form gewisen hunn.
Béid Ekippen hu sech als éischt mol missen un déi ongewinnt Kuliss gewinnen, sou dass et an der Ufanksphas zu net all ze ville Golchancë komm ass. Gladbach hat méi Ballbesëtz, konnt géint eng disziplinéiert Kölner Ekipp awer net vill domat ufänken.
No 32 Minutten war et dann awer den Embolo, deen no engem Zouspill vum Herrmann den 1:0 fir d’Lokalekipp markéiere konnt. Säi Schoss an de lénken Eck war nach liicht ofgefälscht, sou dass de Golkipp net méi vill dergéint maache konnt.
Nom Säitewiessel huet Köln den Ausgläich gesicht, allerdéngs huet et am leschten Drëttel dacks un der Prezisioun gefeelt. Dat huet Gladbach ausgenotzt a sou war et an der 70. Minutt de Meré, deen no enger Flank vum Embolo an den eegene Gol getraff huet an domat ongewollt op 2:0 fir d’Haushären erhéicht huet.
10 Minutte viru Schluss huet den Uth vun engem Feeler vum Sommer profitéiert an op 2:1 verkierzt, um Resultat huet dat zum Schluss awer näischt méi geännert. Gladbach konnt d’Féierung iwwer d’Zäit bréngen a wënnt domat de Rheinderby virun eidelen Tribunen mat 2:1 géint Köln.