
Augsburg - Stuttgart 4:1
0:1 Fuehrich (7.’), 1:1 Oxford (30.’), 2:1 Gouweleeuw (53.’), 3:1 Niederlechner (72.’), 4:1 Finnbogason (81.’)
Nodeems Augsburg schonn an der 7. Minutt a Réckstand louch, hu si dono de Match gréisstendeels dominéiert a géint verletzungsgeschwächt Stuttgarter iwwerraschend däitlech gewonnen. Domat kann d’Ekipp vum Markus Weinzierl déi 2. Victoire an dëser Saison feieren an ass elo mat 9 Punkten no 10 Matcher punktgläich mat Frankfurt op der 16. Plaz.
Borussia Mönchengladbach - Bochum 2:1
1:0 Pléa (12.’), 2:0 Hofmann (40.’), 2:1 Blum (86.’)
No der impressionanter 5:0-Victoire géint d’Bayern konnt Mönchengladbach och de Match géint Bochum fir sech entscheeden. An der Paus louch een no Goler vu Pléa an Hofmann scho mat 2:0 a Féierung, um Enn huet de Blum et awer nach eemol spannend gemaach. Fir den Ausgläich ass et bei Bochum awer net méi duergaangen, soudass Gladbach elo déi 10. a Bochum déi 14. sinn.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Norwich City - Leeds United 1:2
0:1 Raphinha (56.’), 1:1 Omobamidele (58.’), 1:2 Rodrigo (60.’)
Aston Villa - West Ham United 1:4
0:1 Johnson (7.’), 1:1 Watkins (34.’), 1:2 Rice (38.’), 1:3 Fornals (80.’), 1:4 Bowen (84.’)
Aston Villa huet weider Problemer a verléiert och géint West Ham United. No der fréier Féierung vun de Gäscht konnt een zwar nach ausgläichen, ma e puer Minutte méi spéit war West Ham nees vir. No der rouder Kaart fir de Konsa an der 50. Minutt war de Match du gelaf an d’Visiteure konnten hir Féierung an de leschte puer Minutten nach weider ausbauen. Domat stinn d’"Hammers” op enger exzellenter 4. Plaz, wärend Aston Villa op der 15. Plaz nach méi déif an der Kris ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Inter - Udinese 2:0
1:0 Correa (60.’), 2:0 Correa (68.’)
An der éischter Hallschent huet sech déi Mailänner Offensiv nach schwéier gedoen an huet sech un der kompakter Defensiv vun de Gäscht d’Zänn ausgebass, ma duerch déi 2 Goler an 8 Minutte vum Joaquin Correa konnte si um Enn awer eng verdéngte Victoire afueren. Domat bleift Inter den 3. an der Tabell an Udinese steet weiderhin op Plaz 14.
Salernitana - Napoli 0:1
0:1 Zielinski (61.’)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Angers - Nice 1:2
1:0 Boufal (29.’, Eelefmeter), 1:1 Delort (57.’), 1:2 Delort (90.+1.’)
No ronn 30 gespillte Minutten ass de Boufal am Strofraum gefoult ginn an huet den Eelefmeter du selwer verwandelt. Nice ass awer weider dru bliwwen a konnt an der 57. Minutt duerch den Delort ausgläichen. D’Visiteuren hu weider gedréckt a konnten de Match an der Nospillzäit duerch ee Volley vum Delort nach dréinen, woumat si op déi 2. Plaz sprangen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Atletico Madrid - Betis Sevilla 3:0
1:0 Carrasco (26.’), 2:0 Pezzella (63.’, Selbstgol), Felix (80.’)
D’Haushären hunn de Match vun Ufank un dominéiert a sinn no 26 Minutten verdéngt a Féierung gaangen. Och dono waren d’"Colchoneros” déi däitlech besser Ekipp an duerch de Selbstgol vum Pezzella war de Match scho bal gelaf. Betis konnt net un déi staark Leeschtungen aus de leschte Wochen uknäppen an 10 Minutte viru Schluss huet Atletico mam 3:0 duerch de Felix de Sak konnten zoumaachen, woumat si op déi 4. Tabelleplaz sprangen.