
Bayer Leverkusen - Borussia Mönchengladbach 4:3
0:1 Stindl (18'), 1:1 Alario (27'), 1:2 Stindl (30'), 2:2 Alario (41'), 3:2 Bailey (68'), 4:2 Baumgartlinger (82'), 4:3 Lazaro (90+4')
Super Match vu béiden Ekippen! An der 18. Minutt gouf den Embolo vum Hradecky um Fouss getraff wouropshin den Arbitter op de Punkt huet misse weisen. De fällegen Eelefmeter huet de Stindl an de Filet gesat. Et huet allerdéngs net laang gedauert bis den Alario no Pass vum Diaby no engem Konter fir den Ausgläich gesuergt huet. Kuerz drop war et erëm de Stindl, deen no der Kontroll vum VAR d’Féierung fir d’Gäscht markéiert huet. Et ass weider hin an hier gaangen an den Alario huet sengersäits kuerz virun der Paus mat sengem perséinlechen zweete Gol fir den 2:2 Ausgläich gesuergt.
D’Lokalekipp ass besser aus der Kabinn komm an hat duerch de Bailey 2 gutt Chancen. An der 66. Minutt hat dunn fir d’éischt de Bensebaini an dono de Wolf 2 100% Chancë fir Gladbach, déi si allerdéngs liichtfäerteg verginn hunn. Praktesch am Géigenzuch huet dunn Leverkusen Gladbach bestrooft an duerch de staarke Bailey de 3:2 geschoss. 8 Minutte viru Schluss huet de Baumgartlinger mam 4:2 fir d’Virentscheedung gesuergt. An der Nospillzäit huet de Lazaro nach mat engem fantastesche Gol den Uschloss konnte schéissen, allerdéngs sollt et beim 3:4 aus Gladbacher Siicht bleiwen.
VFL Wolfsburg - TSG Hoffenheim 2:1
1:0 Steffen (5'), 2:0 Weghorst (26'), 2:1 Adamyan (87')
No 3 Minutte gouf et déi éischte richteg gutt Chance fir d’Lokalekipp, mee de Brekalo ass um Baumann hänke bliwwen. Kuerz drop’s ass e Gol fir Wolfsburg duerch de VAR et gezielt ginn. No 2 Minutte Kuddel Muddel gouf de Gol dunn awer gezielt. Eng furios Aktioun déi um Enn den 1:0 fir Wolfsburg bruecht huet. An der 26. Minutt huet de Weghorst de Score op 2:0 erop geschrauft. Hoffenheim war beméit mee Wolfsburg hat déi besser Chancen an ass verengt mat 2:0 an d’Paus gaangen.
Bis zur 82 Minutt ass net méi vill geschitt. Dono ass et awer ellen ewech gaangen. Fir d’éischt verschéisst de Weghorst an der 82. Minutt een Eelefmeter. An der 87. Minutt huet Hoffenheim a Persoun vum Adamyan den Uschloss markéiert. An der 3. Minutt an der Nospillzäit haten si dunn déi 100% Chancen duerch een Eelefmeter den Ausgläich ze markéieren, ma och dee sollt de Wee an de Filet net fannen. Wolfsburg klappt Hoffenheim mat 2:1.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Manchester City - FC Liverpool 1:1
0:1 Salah (13'), 1:1 Gabriel Jesus (31')
De Spëtzematch huet virun allem an der 1. Hallschent alles versprach wat e sech am Virfeld erwaarde konnt. Béid Ekippen hunn flotte séiere Futtball gewisen. An der 12. Minutt huet den Arbitter op de Punkt gewisen, dat nodeems de Walker de Mané am Strofraum gefoult huet. De Salah huet sech des Chance net entgoe gelooss a fir d’Féierung fir d’Reds gesuergt. De Gabriel Jesus huet dunn an der 31. Minutt no Viraarbecht vum de Bruyne den 1:1 fir d’Lokalekipp markéiert. Bei City war et virun allem den de Bruyne deen ëmmer erëm fir gutt Aktioune gesuergt huet. Allerdéngs war et de Belsch deen an der 42. Minutt een Eelefmeter laanscht de Gol gesat huet. Domat ass et mam 1:1-Gläich an d’Paus gaangen.
Nom Téi hat den aktuelle Champion kaum nach gutt Aktiounen no fir a Manchester City hat e bëssen méi vum Spill, och wann déi ganz grouss Chancë bis op e Käppert vum Jesus an der 55. Minutt ausbliwwe sinn. Alles an allem war et eng taktesch zweet Hallschent, sou dass dëse Match mat 1:1 op e Enn geet.
West Bromwich - Tottenham Hotspur 0:1
0:1 Kane (88')
Laang huet et no engem 0:0-Gläichspill ausgesinn tëschent dem Opsteiger West Bromwich a Tottenham Hotspur. Ma de Favorit konnt duerch e spéide Gol vum Harry Kane an der 88. Minutt sech dach nach déi wichteg 3 Punkte sécheren. Fir dem Stiermer war et den 150 Gol an der Premier League.
Leicester - Wolves 1:0
1:0 Vardy (15')
Arsenal - Aston Villa 0:3
0:1 Saka (25', Selbstgol), 0:2 Watkins (72'), 0:3 Watkins (88')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Lazio Roum - Juventus Turin 1:1
0:1 Ronaldo (15'), Caicedo (90+5')
Beandrockend Kämpferesch Leeschtung vu Lazio Roum. Obwuel Juventus Turin eng ganz gutt Leeschtung gewisen huet an duerch de Ronaldo an der 15. Minutt a Féierung gaange sinn huet d’Lokalekipp iwwert de ganze Match de Kapp net an de Sand gestach. Kuerz virun der Paus hat awer alt erëm de Ronaldo d’Chance op 2:0 ze erhéijen, mee säin Schoss sollt just de Potto treffen. Nom Säitewiessel hate Ronaldo, Morata a Kulusevski weider gutt Chancë fir d’Gäscht. Den 2:0 sollt awer net falen. An esou misst et komme wéi et komme misst. De Caicedo huet an der 5 Minutt vun der Nospillzäit no Viraarbecht vum Correa den Ausgläich markéiert. Mat 1:1-Gläich trennen sech deemno béid Ekippen.
Atalanta - Inter Mailand 1:1
0:1 Martinez (58'), 1:1 Miranchuck (79')
AC Mailand - Hellas Verona 2:2
0:1 Barak (6'), 0:2 Calabria (19', Selbstgol), 1:2 Magnani (27', Selbstgol), 2:2 Ibrahimovic (90')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
FC Metz - Dijon 1:1
0:1 Balde (13'), 1:1 Yade (21')
De Resumé vum Match fannt dir bei de Kolleege vu 5minutes.
Nice - Monaco 1:2
0:1 Disasi (23'), 0:2 Diop (53'), 1:2 Lees Melou (69')
Olympique Lyon - St. Etienne 2:1
0:1 Lopes (40'), 1:1 Kadewere (65'), 2:1 Kadewere (74')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Getafe - Villarreal 1:3
0:1 Alcacer (11'), 1:1 Arambarri (16'), 1:2 Trigueros (17'), 1:3 Moreno (62')