
De portugisesche Stiermerstar Ronaldo hat déi al Damm Juve jo quasi eleng an d’Véierelsfinall vun der Champions League geschoss, wéi hien en Dënschdeg déi 3 Goler bei der 3:0-Victoire géint Atlético Madrid geschoss huet. Den Aller hat d’Juve jo mat 0:2 verluer.
Den zweete Ronaldo-Gol war e Kappball ... an et war net direkt kloer, ob e wierklech hanner der Linn war oder net. D’Gollinn-Technik gouf beméit an deen huet bewisen, et war e Gol, well de Ball war an der Luucht hanner der Linn.
Ma stëmmt dat och wierklech? E kuerzen, ganz didaktesch opgebaute Video op Twitter wëll beweisen, datt d’Gollinn-Technik sech geiert huet ... Dem Monteur vum Video no war de Ball net mam vollen Ëmfang hanner der Linn - ergo kee Gol.
Ma Futtball ass jo dacks eng Glawenssaach, also iwwerzeegt Iech selwer ...