
Hei konnt déi 19 Joer al US-Amerikanerin Athing Mu sech mat enger Zäit vun 1 Minutt, 55 Sekonnen an 21 Honnertstel virun der Brittin Keely Hodgkinson (1:55,88) an der US-Amerikanerin Raevyn Rogers (1.56,81) behaapten.
D’USA huet domat fir déi éischt Kéier zanter 1972 nees an där Disziplin gewonnen, zu Tokio war et fir d’Land déi 23. Goldmedail.
