Olympesch Spiller - Liichtathletik Gold fir de Barega bei den 10.000 Meter vun den Hären

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass d'Liichtathletik zu Tokio ugaangen. Déi éischt Medaile goufen et bei den Hären an der Course op 10.000 Meter.
© RTL

Hei konnt sech den Äthiopier Selemon Barega aus Ethiopien mat enger Zäit vu 27 Minutten, 43 Sekonnen an 22 Honnertstel d’Victoire sécheren. Hien ass virun dem Toppfavorit Joshua Cheptegei an dem Jacob Kiplimo aus Uganda iwwert d’Arrivée gelaf a gewënnt domat déi éischte Medail fir Äthiopien zu Tokio.

De Stephen Kissa aus Uganda hat sech am Ufank vun der Course ofgesat a sech tëschenzäitlech e Virsprong vu 50 bis 100 Meter erausgelaf, ma no gutt 18 Minutten huet hie missen ophalen. An der leschter Ronn ass et dem Barega du gelongen, en Ofstand op den Cheptegei an de Kiplimo erauszeschaffen, deen hie bis zum Enn konnt halen.

Fir den 21 Joer ale Barega ass et déi éischte Kéier, datt hie bei enger grousser Kompetitioun un der Spëtzt steet.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO