
An enger Zäit vun 51 Sekonnen an 46 Honnertstel ass déi 21 Joer al US-Amerikanerin iwwer d’Arrivée gelaf. Sëlwer ass un hir Landsfra Dalilah Muhammad gaangen (51,58), déi 3. Plaz huet d’Hollännerin Femke Bol beluecht (52,03).
Mat hirer Zäit ass d’McLaughlin 44 Honertstel ënner dem Weltrekord bliwwen, dee si am Juni vun dësem Joer eréischt selwer opgestallt hat.
Ronn 24 Stonne virdrun hat de Norweger Karsten Warholm och schonn de Weltrekord iwwer 400 Meter Hecke bei den Hären opgestallt, dëst mat enger Zäit vu 45 Sekonnen a 94 Honnertstel.
