SchisprangenGranerud gewënnt en turbulent Sprangen zu Willingen

RTL Lëtzebuerg
Bei vill Wand hunn d'Sprénger misse gedëlleg sinn, mee den Norweger ka sech op en Neits eng Victoire a säi Palmarès schreiwen.
© AFP (ARCHIV)

Ganzer 2 Stonnen huet deen 1. Duerchgang zu Willingen an Däitschland bei immens schwéiere Wiederkonditioune gedauert, sou dass d’Jury relativ fréi entscheet huet e Sonndeg nëmmen 1 Duerchgang beim Weltcup-Sprange vun der grousser Schanz duerchzeféieren. An och dat war nawell net einfach. Schlussendlech ass et den Organisateuren awer nach gelongen alleguerten d’Sprénger sécher erofzebréngen. Gewonnen huet d’Wandlotterie den Halvor Egner Granerud. Den Norweger konnt sech och schonns um Samschdeg als Gewënner feiere loossen.

Hannert dem Granerud klasséiere sech de Piotr Zyla als Zweeten an de Markus Eisenbichler als Drëtten. Si haten awer iwwer 19 Punkte Réckstand op de Granerud.

Back to Top
CIM LOGO