
Den Halvor Egner Granerud bleift de Athlet deen et ze schloe gëllt. Um Sonndeg konnt de Norweger och dat 5. Sprangen hannerteneen gewannen. Dës kéier war et awer ganz knapps wëll nom 1. Sprangen louch de Norweger just op der 3. Plaz mee de Yukiya Sato an de Piotr Zyla sinn nach zeréck gefall. De Virsprong op den däitschen Markus Eisenbichler louch och just bei 1,7 Punkten. Drëtten gouf de Pol Piotr Zyla deen nom éischten Duerchgang nach a Féierung louch.
Den 28. Dezember geet et nees lass mat der Vierschanzentournee bei där de Norweger Granerud natierlech zu den Top-Favoritten zielt.