Inzenéiert gouf d’Erëffnungsfeier vum chinesesche Regisseur Zhang Yimou, dee schonn d’Erëffnung vun de Summerspiller 2008 och zu Peking koordinéiert hat. Fir Lëtzebuerg ginn am Schi Alpin de Matthieu Osch an d’Gwyneth ten Raa un den Depart. Béid ware mat enger klenger Delegatioun och bei der Zeremonie e Freideg dobäi an hunn de rout-wäiss-bloe Fändel zesumme gedroen. Mat grad emol 16 Joer ass d’Lëtzebuergerin och déi jéngste Schifuererin, déi dëst Joer bei den olympesche Spiller untrëtt, esou huet et bei der Virstellung vu Lëtzebuerg geheescht.
Déi zwee Lëtzebuerger hunn eng Zeremonie gesinn, déi villäicht net esou pompös war, wéi se am Virfeld annoncéiert gouf. De Matthieu Osch: D’Zeremonie war a mengen Aen ganz interessant. Et war flott, datt mir esou an d’Mëtt vum Stadion erakomm sinn an direkt dem Grand-Duc vis à vis konnte wénken. Ech hunn et och flott fonnt, datt ech mam Gwyneth de Fändel konnt halen. Ech hoffe mir hu gutt ausgesinn.
Fir de Matthieu Osch sinn et schonns déi 2. Olympesch Spiller. Hie war schonns viru 4 Joer zu PyeongChang a Südkorea mat dobäi.
De gréissten Ënnerscheed zu PyeongChang war, datt mir ze zwee waren. De Stadion war net grad esou voll wéi a Südkorea. Wat och flott war, war dee ganze Spektakel. Och wa mir net alles gesinn hunn. D’Freedefeier war impressionant. Ech si frou, datt ech dat konnt gesinn.
Quasi a leschter Minutt ass d’Gwyneth ten Raa op den Olympiazuch eropgesprongen a mat réischt 16 Joer och de Lëtzebuerger Fändel an de Stadion eragedroen.
D’Gwyneth ten Raa: Ech war nervös, mee et war mega schéin. Ech hunn alles vergiess wat rondrëm war. Ech hunn dem Grand-Duc Moie gesot. Et war wierklech impressionant.
D’Wanterspiller daueren nach bis den 20. Februar. An de Stadie si wéinst de Restriktioune just ausgewielte Spectateuren erlaabt. Aus dem Ausland duerfte keng Zuschauer an d’Land reesen. Fir d’Sportler, déi Offiziell an all d’Mataarbechter ronderëm Beijing2022 gëllt wéinst Corona, änlech wéi scho bei de Summerspiller 2021, datt si sech just an enger sougenannter “Olympia-Blos” dierfen ophalen. Dëst bedeit, datt si alleguerte vun der Ëffentlechkeet ofgeschiermt sinn. An awer gouf et an der Blos bis ewell 300 Fäll vun Neiinfektiounen, dat bei iwwer 3.000 Sportler an zéngdausende vu Mataarbechter, Offiziellen a Journalisten.
A senger Ried sot de President vum internationalen Olympesche Comité Thomas Bach ënnert anerem, datt China sech an de leschte Joren zu enger Wantersportnatioun entwéckelt hätt a wou ronn 300 Millioune Chinese Wantersport praktizéieren.
Et ass fir déi éischte Kéier an der Geschicht, dat souwuel Olympesche Summer- wéi Wanterspiller op der selwechter Plaz organiséiert ginn.
Nieft dem chinesesche Staatschef Xi Jinping waren och de Groussherzog Henri, de russesche President Wladimir Putin an d’Cheffe vun den UN an der WHO dobäi. Vill Staats- a Regierungscheffe si jo net op Peking gereest, dat aus Protest géint déi ënnerdréckte muslimesch Minoritéit an der Provënz Xinjiang a wéinst anere Mënscherechtsverletzunge vum Land. Wéi hei zu Lëtzebuerg op de Boykott reagéiert gëtt, kënnt Dir an eisem Artikel “Ëmstridden Olympesch Wanterspiller - Boykott oder net?” noliesen.
RTL-Artikel: Am Portrait: De Matthieu Osch iwwert d’Preparatioune fir d’Olympesch Wanterspiller
RTL-Artikel: Am Portrait: D’Gwyneth ten Raa geet mat 16 Joer op d’Olympesch Wanterspiller
RTL-Artikel: Wantersport: Gwyneth ten Raa - Lëtzebuerger Nowuesshoffnung am Schifueren