
China ass direkt mat zwee grousse Reprochë konfrontéiert: Et géif Mënscherechter mat Féiss trëppelen. An d‘Ëmwelt zerstéieren.
D’USA, Groussbritannien an eng Partie aner Länner boykottéieren d’Spiller carrement, andeems se zwar Sportler, mä keng politesch Vertrieder op Peking schécken. Aner Länner, dorënner Lëtzebuerg, di sech an där Situatioun schwéier, kloer Stellung ze huelen.
Wanterspiller an enger Regioun ouni natierlechem Schnéi, an engem Land, deem Organisatiounen aus aller Welt vun Ënnerdréckung vun der Pressefräiheet bis Mësshandlung vu Minoritéiten, quasi all Verstouss géint Mënscherechter ënnerstellen. Déi allermeescht si mat Fakte beluecht.
Trotz villen Zweiwelen. Olympesch Spiller sinn eben den Highlight fir all Athlet. De Sportminister Georges Engel verdeedegt dofir, dass och Lëtzebuerg mat Ekippe vertrueden ass, verurteelt gläichzäiteg awer Mënscherechtsverletzungen. Hie selwer reest net a China: „Dat huet un alleréischter Plaz zäitlech Grënn. Ech sinn elo e Mount hei am Amt an ech hu genuch Aarbecht hei an am anere Ministère”, esou de Georges Engel.
Beim Regierungschef Xavier Bettel kléngt dat anescht. Hie gouf um Bord vun enger Pressekonferenz vun enger RTL-Journalistin mat der Fro vun engem politesche Boykott konfrontéiert: „Et ass eng Decisioun vun der Lëtzebuerger Regierung bei dëse Wanterspiller net dobäi ze sinn.“ Dat kléngt net no engem volle Agenda als eenzege Grond.
Firwat di westlech Länner sech sou schwéier domat, sech kloer ze positionéieren? Ze soen: „China respektéiert demokratesch Valeuren net, dofir gi mir net dohin“, oder eben de Contraire? De Professer Sebastian Heilmann vun der Uni Tréier, ee vun de renomméiertsten Experten an der Chinapolitik, erkläert dat esou:
„En offizielle politesche Boykott ass natierlech och ëmmer eng Sanktioun. China registréiert dat a kann da gudde Wëllen a schlechte Wëllen vun engem Land ënnerscheeden. Vill Länner hu sech aus der Affär gezunn, andeems se soten, se kéinte wéinst Corona net reesen. Dat ass en Auswäichmanöver.“
Eng Excuse, déi och der Lëtzebuerger Regierung kéint entgéint komm sinn. De Grand-Duc Henri hat deen Joker net. Anescht ewéi d’Lëtzebuerger Regierung ass de Staatschef Grand-Duc Henri awer zu Peking dobäi. Zanter 1998 ass hie Member vum Internationalen Olympesche Comité. An et wär och an der Funktioun, an där de Grand-Duc a China wär, heescht et op Nofro hi vum Haff. Deemno hätt seng Presenz reng sportlech an organisatoresch Grënn. Den Haff präziséiert awer, dass dem Grand-Duc de Respekt an d’Verdeedegung vun de Mënscherechter ëmmer wichteg wären. Hie géif an deem Kontext oppe mat de Leit schwätzen. Hei an am Ausland, esou d‘Cour Grand-Ducale.
Dat versteet de sozialistesche Sportminister Georges Engel: „De Comité organiséiert jo och do d‘Spiller. Dofir fannen ech dat ok, dass de Grand-Duc zu Peking ass.“
Sou einfach ass dat awer net, erkläert de Professer Heilmann. Ëmmerhin ass de Grand-Duc och Staatschef – ob e wëll oder net: „Déi duebel Roll ass natierlech e Problem, well dat am Fong net auserneenzehalen ass. Wann een als Staatschef dohi fiert, gëtt een och als Staatschef registréiert. Och als IOC-Member. Mä fir déi chineesesch Säit ass d‘Funktioun als Staatschef vill méi wichteg.“
D‘Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International Lëtzebuerg verurteelt wuel d‘Behuele vun der chineesescher Regierung, awer kee Staatschef, deen op Peking reest. Allerdéngs misst dee sech dann dohannen eppes trauen, esou den Direkter Olivier Pirot: „Wann een d‘Méiglechkeet huet, d‘chineesesch Autoritéiten ze treffen – ob am Kader vun der Olympiad oder éierens anescht – soll een d‘Méiglechkeet notzen, fir si op all déi Problemer opmierksam ze maachen.“
Also op der Plaz eppes bewierken.
De Sportminister Georges Engel ass iwwerdeems der Meenung, dass et fir e Boykott elo ze spéit ass: „Ech fannen, dass een dat eventuell soll u Krittäre bannen, wann esou Spiller vergi ginn. Ass d‘Pressefräiheet assuréiert? Ginn et Mënscherechtsverletzungen? Wéi sinn d‘Aarbechtsbedingungen? A wann déi Krittären net erfëllt sinn, soll dat concernéiert Land keng Olympesch Spiller dierfen organiséieren. Dofir fannen ech et net gutt, wann een elo vun engem politesche Boykott sollt ausgoen. Refuse solle virdrun decidéiert ginn.“
Allerdéngs wär fir dës Wanterspiller Almaty am Kasachstan, déi eenzeg Alternativ gewiescht. Iwwerdeems wär e Boykott aus ökologesche Grënn an den Ae vun internationale Klimaaktiviste wichteg gewiescht. Den IOC an déi chineesesch Regierung behaapten, et wären déi nohaltegsten olympesch Spiller, déi et jee gouf. Allerdéngs si se an enger dréchener Regioun ouni natierleche Schnéi. 1,2 Millioune Kubikmeter Konschtschnéi gi produzéiert a verdeelt, gigantesch Infrastrukture just fir d‘Spiller gebaut. Keng vun de groussen Ëmweltschutzorganisatiounen zu Lëtzebuerg war bis Redaktiounschluss awer prett fir en Interview.
RTL News: Grouss Erëffnungsfeier zu Peking, Osch an ten Raa mat Lëtzebuerger Fändel