Am däitsche "Kicker"Groussen Artikel iwwer "opfälleg onopfällege" Leandro Barreiro

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Nationalspiller konnt sech beim 1. FSV Mainz 05 an der 1. Ekipp eng Stammplaz erausspillen.
© pressphoto (Archiv)

“Er ist der Aufsteiger des Jahres 2020 bei Mainz 05: Leandro Barreiro.”

Esou fänkt den Artikel iwwer de fréiere Spiller vum FC 72 Ierpeldeng un. Zanter 3 Joer ass de Mëttelfeldspiller elo scho fir den FSV Mainz 05 am Asaz an huet an dëser Saison sech definitiv eng Plaz an der 1. Ekipp erausgespillt. D’Mainzer sinn an Däitschland bekannt dofir, op jonk Spiller ze setzen, ma beim Club vum Ex-Veräinstrainer Jürgen Klopp ass net just d’Leeschtung um, mee och nieft dem Terrain immens wichteg.

“Anstand, Pünktlichkeit, Teamfähigkeit”

Esou gëtt de Leandro Barreiro am “Kicker” weider beschriwwen. De Reinhold Breu, dee jo zanter 2011 fir d’FLF virun allem am Jugendberäich aktiv ass, huet der däitscher Futtballzeitung en Interview ginn an an héchsten Téin de jonke Roude Léiw gelueft.

Hie wier an engem gudden Elterenhaus opgewuess an dat géif een elo eebe gesinn. Um Terrain léichen dem 1,74-Meter-Mann seng Stäerkte virun allem am Virausdenken. Esou kéint hie seng Matspiller bei de Rheinhessen immens gutt an d’Zeen setzen an géing insgesamt och wéineg Feeler maachen - en “opfälleg onopfällege” Spiller, deen duerch Asaz an Teamgeescht ëmmer fir seng Matspiller do wier.

© Screenshot / Kicker.de

Groussen Artikel och op Veräins-Internetsäit vu Mainz 05

Zanter enger Woch leeft um Mainzer Bruchweg nees de Ball: Training a klenge Gruppen. An engem weidere gréisseren Artikel op der Internetsäit vum Veräin erzielt de jonke Lëtzebuerger iwwer d’Zäit als Profi am Confinement. Donieft huet hien op der Spill-Konsol bei der “Bundesliga Home Challenge” gewisen, wat e kann.

Back to Top
CIM LOGO