Futtball-WMGruppephas ass eriwwer: USA séchere sech 1. Plaz am Grupp F

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend ass d'Gruppephas bei der Futtball-WM bei den Dammen op en Enn gaangen.
© AFP

D’Ekippe waren opgedeelt a 6 Gruppe mat allkéiers 4 Natiounen. Aus all Grupp sinn déi zwou bescht Ekippe weiderkomm. Dono sinn dann nach déi 4 bescht Drëttplacéiert och virukomm, esou dass nach 16 Länner an der Course ëm de WM-Titel waren.

Déi grouss Favoritte wéi Frankräich, Däitschland, USA, Holland an och England hu bis heihinner alleguerten hir Matcher gewonnen. Däitschland an d’USA sinn esouguer nach ouni Géigegol. D’Dammen aus den USA konnten an der Gruppephas awer wuel am meeschten iwwerzeegen. 18 Goler an 3 Matcher schwätze fir sech.

An der Aachtelsfinall kënnt et zu dëse Partien:

Däitschland - Nigeria

Norwegen - Australien

England - Kamerun

Frankräich - Brasilien

Spuenien - USA

Schweden - Kanada

Italien - China

Holland - Japan

Back to Top
CIM LOGO