
D’Damme sinn dëse Weekend op Besuch zu Garmisch-Partenkirchen. Beim Super-G-Weltcup war fir déi drëtte Kéier um Stéck d’Lara Gut-Behrami déi Séierst. D’Schwäizerin, déi och schonns de Weltcup am Super-G zu St. Anton a Crans Montana gewanne konnt, hat am Zil en däitleche Virsprong vun 0,68 Sekonnen op Kajsa Vickhoff Lie aus Norwegen. Op déi 3. Plaz um Podium fiert mam Marie-Michele Gagnon (+0,93 Sekonnen) eng Kanadierin.
Déi éischt vun am ganzen zwou Slalom-Courssen dëse Weekend zu Chamonix a Frankräich ka wéi och schonn d’lescht Joer de Clement Noel gewannen. Nom 1. Duerchgang louch de Fransous nach op der 3. Plaz. Fir de Clement Noel war et déi éischte Victoire an dësem Wanter. Op déi 2. Plaz kënnt mat engem Retard vun 0,16 Sekonnen de Ramon Zenhäusern aus der Schwäiz. Op der 1. Plaz nom 1. Duerchgang louch den aktuelle Weltcupzweete Marco Schwarz. Fir den Éisträicher spréngt um Enn eng 3. Plaz eraus.