Schi Alpin bei de JuniorinnenGwyneth Ten Raa Séierst beim Slalom vun Nova Ponente an Italien

RTL Lëtzebuerg
1:34,07 Minutten huet déi jonk Lëtzebuergerin gebraucht, fir déi zwou Ronne vum Parcours ze meeschteren.

An hirem éischte Versuch huet si 46,57 Sekonnen an am zweete 47,5 gebraucht. Domadder war si 0,6 Sekonne méi séier wéi d’Italienerin Thea Holzer an 2,34 Sekonne méi séier wéi Julia Zlatkova aus Bulgarien, déi op d’Plazen 2 an 3 kommen.

Mat hirem éischte Laf huet d’Gwyneth Ten Raa dann och déi eenzeg Zäit ënner 47 Sekonne bei dësem Slalom hikritt.

Back to Top
CIM LOGO