Schi AlpinGwyneth Ten Raa wënnt Slalom an Éisträich

RTL Lëtzebuerg
Beim National Junior Race zu Telfs an Éisträich wënnt d'Lëtzebuergerin an enger Zäit vun 1min41.73 virum Madeleine Beck aus Liechtenstein (+0.58).

Plaz 3 geet un d’Molly Butler aus Groussbritannien (+2.47).

Am 1. Laf ass d’Ten Raa schonn d’Beschtzäit mat 50,42 Sekonne gefuer. Och am 2. Laf konnt déi 17 Joer al Lëtzebuergerin mat enger Beschtzäit ofschléissen (51,31 Sekonnen), woumat et an der Additioun um Enn Plaz 1 am Slalom war.

Back to Top
CIM LOGO