Elo de Weekend ass jo d’Reprise an der ieweschter Divisioun am Futtball an am Handball. De Sportsministère stellt de Federatiounen, an deemno och de Veräiner 60.000 Schnelltester gratis zur Verfügung. Een Test kascht ongeféier 10 Euro.
Déi Tester musse vun all Club beim Ministère bestallt an um INS ofgeholl ginn.
D’Tester si fräiwëlleg. Si musse vun engem professionelle vun engem Santésberuff gemaach ginn. Positiv Fäll mussen an engem Journal de Bord op guichet.lu ausgefëllt ginn, deen dann un d’Santé weidergeet. Déi positiv Sportler mussen dann 10 Deeg an d’Isolatioun, ausser duerno kéim bei engem PCR-Test en negatiivt Resultat eraus. Wa bei méi wéi 3 Aktiven den Test positiv ass, géif de Match ofgesot ginn. Och d’Arbitter an d’Betreier kënne getest ginn. Et gëtt eng Etüd gemaach, an där da Conclusioune fir d’Zukunft gezu kënne ginn.
