
Am 1. Duerchgang waren et immens wiesselhaft Wiederkonditiounen an den Norweger Halvor Egner Granerud hat dee beschte Sprong gewisen. No sengem Saz op 142,5 Meter louch hie 4,6 Punkte virum Piotr Żyła a 5,6 Punkte virum Dawid Kubacki. Och am zweeten Duerchgang ass den Norweger der kompletter Konkurrenz dovu geflunn a wënnt um Enn däitlech virun den zwee Polen Piotr Żyła an Dawid Kubacki an zwar mat 13,4 respektiv 17,5 Punkten Avance.