
Den Halvor Egner Granerud aus Norwegen ass an der Finall 141 Meter wäit gesprongen an huet de Markus Eisenbichler sou nach vun der Spëtzt gestouss. Den däitsche Sprénger ass bei vill Säitewand op 131 Meter komm a stoung zum Schluss op der zweeter Plaz. Drëtten ass den Dawid Kubacki aus Polen ginn.
Am General steet de Markus Eisenbichler mat 200 Punkten op der 1. Plaz, dat virum Piotr Zyla an dem Karl Geiger.