
Den Halvor Egner Granerud aus Norwegen ass mat 270 Punkten op déi 1. Plaz gesprongen, dat mat engem Virsprong vu 15 Punkte virum Daniel Huber aus Éisträich. Op déi drëtt Plaz ass den Norweger Robert Johansson komm, dee mat sengem zweete Sprong op 142,5 Meter en neie Schanzerekord opstelle konnt.
Am Weltcup steet de Marcus Eisenbichler, deen e Samschdeg just op déi 28. Plaz komm ass, weiderhin op der 1. Plaz, dat virum Halvor Egner Granerud an dem Dawid Kubacki.