Sportkeelen-WMHäre gewanne Bronzemedail par Ekipp

Tom Hoffmann
Op der 16. Weltmeeschterschaft am Sportkeele verpasst Lëtzebuerg knapp de Vize-Titel. Weltmeeschter gouf d’Ekipp aus Däitschland.
© Fédération Luxembourgeoise des Quilleurs

Um Donneschdeg de Moie stoung d’Finall vun der Ekippe-Kompetitioun um Programm. Lëtzebuerg ass mat de Spiller Gilles Mores, Pascal Lauer, Patrick Molitor an Chris Fuchs op d’Bunne gaangen.

Lëtzebuerg huet net de beschte Start an dës Final erwëscht a louch an der Hallschent op der drëtter Platz viru Brasilien awer mat engem gréisseren Punktenecart hannert Däitschland an Holland.

Um Schluss sollt et awer nach emol spannend ginn, fir eventuell awer nach d’Sëlwermedail ze gewannen. Lëtzebuerg konnt am decisive leschte Block de Réckstand op Holland ëmmer weider reduzéieren a Brasilien ofhänken. Um Enn sollt et awer op 1 Punkt net duergoen.

Weltmeeschter gëtt Däitschland mat 65 Punkte virun Holland mat 47 Punkten. Lëtzebuerg gewënnt d’Bronzemedail mat 46 Punkten. Brasilien kënnt mat 42 Punkten op d’Plaz 4.

Vize-Weltmeeschtertitel am Dammen-Eenzel fir Martine Keller

No der Finall vun den Hären par Ekipp ass d’Damme-Finall am Eenzel gespillt ginn. Och hei war Lëtzebuerg mam Martine Keller vertrueden. D’FLQ-Spillerin huet et fäerdeg bruecht, an dëser Finall net nëmmen d’Jolanda Baur aus Holland hannert sech ze halen, mee och Ramona Wilczek aus Däitschland ze klappen, fir um Enn den Vize-Weltmeeschtertitel ze gewannen.

© Fédération Luxembourgeoise des Quilleurs

Domat steet Lëtzebuerg aktuell bei 2 Sëlwermedailen an 1 Bronzemedail bei dëser Weltmeeschterschaft.

Back to Top
CIM LOGO