Olympia: Wéinst dem WiederHären-Descente op e Méindeg verluecht

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Freideg bléist de Wand um Olympia-Bierg Xiaohaituo a China, esou datt schonn eng Rei Trainingen an aner Evenementer hu misste verluecht ginn.
© afp

An der Nuecht op e Sonndeg huet elo och d’Course vun de männleche Schileefer misste verluecht ginn, well de Wand ze staark geblosen huet. D’Descente vun de Männer gëtt elo e Méindeg ëm 12 Auer Lokalzäit ofgehalen (5 Auer MEZ). Virun an nom Laf vun de Männer sinn e Méindeg och nach den éischten an den zweete Laf vum Riseslalom bei de Fraen. Hei mat dobäi ass d‘Lëtzebuergerin Gwyneth ten Raa.

Back to Top
CIM LOGO