BundesligaHertha a Schalke deele sech d'Punkten

RTL Lëtzebuerg
Mat engem 0:0 ass e Freideg den Owend déi éischt Partie vum 20. Spilldag an der däitscher Bundesliga op en Enn gaangen.
© AFP

An der Bundesliga stounge sech e Freideg den Owend d’Hertha vu Berlin a Schalke géigeniwwer. Béide Veräiner ass et wärend den 90 Minutten net gelongen, fir ee Gol ze schéissen. Mat engem 0:0 ass de Match deemno op en Enn gaangen a béid Veräiner kruten 1 Punkt.

No engem zéie Match mat wéineg gudde Chancen dierft bei der Hertha d’Freed iwwert ee Punkt méi grouss sinn, wéi bei Schalke. D’Ekipp vum Jürgen Klinsmann spillt géint den Ofstig, wou all Punkt wichteg ass. Schalke riskéiert duerch de Remis nach méi den Uschloss un d’Champions-League-Plazen ze verléieren.

Um Freideg war et och d’Nouvelle, datt den Emre Can bei Borussia Dortmund wiesselt. De 26 Joer ale Spiller gëtt vum italienesche Rekordchampion Juventus Turin bis Enn der Saison ausgeléint. Duerno kéint den Can ganz bei d’Borussia wiesselen.

De BVB soll fir den Can ronn 25 Milliounen Euro musse bezuelen. Den däitschen Nationalspiller hat an de leschte Woche keng Roll méi Juve gespillt, fir d’Champions League war hien iwwerhaapt net gemellt ginn. Mam Wiessel wëllt de Mëttelfeldspiller seng Chancen op eng Plaz am EM-Kader verbesseren.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO