BundesligaHertha wënnt wichtegen Nodrosmatch géint Freiburg

RTL Lëtzebuerg
D'Hertha konnt sech en Donneschdeg den Owend am Nodrosmatch vum 30. Spilldag mat 3:0 géint den SC Freiburg duerchsetzen.
© AFP (Archiv)

D’Ekipp aus der däitscher Haaptstad sammelt domat wichteg 3 Punkten am Kampf géint den Ofstig. D’Hertha spréngt domat vun der 17. op déi 14. Plaz mat elo nach ëmmer engem Match manner wéi déi direkt Konkurrenten.

En Donneschdeg den Owend hu Piatek, Pekarik a Radonjic d’Goler fir d’Hertha geschoss.

Back to Top
CIM LOGO